Arrivée vun der Course zu Brimeux (FR) / 6. Platz vir de Colin Heiderscheid

15 May 2017

De Colin war geschter mat senger franséischer Equipe (CC Villeneuve St Germain Soissons Aisne) um Départ vun enger Course zu Brimeux am Frankreich (Pas-de-Calais). Eng Course déi iwwer 129 km gang ass mat 9 Biergpreisser. Eng Echapée vun 4 Mann hat sech direkt no 2 km gebild mam Colin dran. 5 km spéider sin nach 16 Mann an d’Echapée béigefuer. 2 Equipiers vum Colin waren do derbéi. Um leschten GPM, 12 km virun der Arrivée, hun sech 5 Mann ofgesat déi mat enger Avance vun ronn 48 sec. ukomm sin. De Colin wennt de Sprint aus der Echapée a beléed di 6. Platz. 79 Mann hun d’Arrivée gesinn vun 126 déi um Départ waren. 1 GAREZ Raphaël DUNKERQUE LITTORAL CYCLISME (E) les 129 km en 3h06’15'' (moy. 41,557 Km/h) 2 PUNG Peeter CC VILLENEUVE ST GERMAIN SOISSONS AISNE 3 SAGNIER Théo CC NOGENT / OISE 4 HUENS Rémi O GRANDE SYNTHE à 16'' 5 ANTI Enzo VC ROUEN 76 à 21'' 6 HEIDERSCHEID Colin CC VILLENEUVE ST GERMAIN SOISSONS AISNE (E) à 48''