Wëllkomm am UC Dippach Jonah Flammang Lies

Jonah Flammang Lies



23 November 2022

De Jonah ass Joergang 2007 a kennt vum LG Bartreng bei eis fir Saison 2023, hien ass vu jonkem un am Velosport aktiv an huet schons mat gudde Resultater iwerzegt. 

Hei e puer Froen un de Jonah fir hien besser kennen ze leieren


Wei bass du zum Velosport komm? Ech sinn duerch mäi Papp bei de Velosport komm. Scho vu klengem un war de Velo meng greisste Passioun an ech wollt nie eppes aneres machen.

 

Wat sinn deng Zieler 2023? Meng Zieler 2023 sinn gut Resultater am Ausland ze realiseieren, d‘Selektioun fir d‘EYOF an e gut ofschneiden um Championnat suwuel am clm wei ob der Stroos.

  

Wat mess du am Leiwsten Cross, Vtt oder Stross? Ech wees nach net ob ech leiwer Cross oder Stroos fueren. Ech probeieren dei 2 sou vill wei meiglech ze fueren.

  

Wen as dei Virbild? Mäi Virbild ass de Mathieu van der Poel.

 

Wat erhoffs du dir vum Wiessel op Dippech? Ech erhoffen mir vum Wiessel ob Dippech, dass ech mei Coursen am Ausland ka fueren.

 

Wanns du eng Course an dengem Lierwen keins wannen wei eng wär dat. Weltmeescherschaft, well deen Trikot ze droen ass eppes ganz spezielles.

 

 Wat mess du am Leiwsten wanns du net um Velo setz? Wann ech net um Velo setzen machen ech am leifsten Sport oder eppes mat Kollegen.
 

Hues du e Glecksbrenger fir Coursen wa jo wat oder wen as et? Nee ech hu kee Glecksbrenger.

  

Leiwer maillot jaune oder maglia rosa?  Leiwer maillot jaune. 

  

 
Leiwer Pasta oder Reis virun enger Course? Leiwer Pasta.
 

Leiwer Sprint oder Bierg Arrivée? Leiwer Sprint Arrivee.

 

Leiwer Paris Roubaix oder Liège Bastogne Liège?  Leiwer Paris Roubaix.

 

Leiwer Wout Van Aert oder Mathieu Van der Poel? Leiwer Mathieu van der Poel.

 

Merci fir deng Äntwerten, wëllkommen am UC Dippach an bonne chance fir Saison 2023.