Wëllkomm am UC Dippach Christophe Post

Christophe Post



29 November 2022

Last but not Least hu mir nach en Neizougang bei der U17 an der Persoun vum Christophe, hien steisst vu Velo Wolz bei eis. Och hien ken dir hei besser kenne leieren.
 
Wei bass du zum Velosport komm? Meng Eltern fueren allen zwee Velo an esou hunn ech och domat ugefoong an hunn et flott fonnt, mat 7 Joër sinn ech dun an de Club gangen.
Wat sinn deng Zieler fir 2023? Meng Zieler fir dei nächst Saison sinn an de Coursen besser kenne mat ze fueren souwuel a Letzebuerg wei am Ausland an och am Zeitfueren well ech Fortschretter machen.
Wat mess du leiwer Stross, Cross oder VTT? Ech fueren am leiwsten op der Stross oder Cross, MTB Coursen mache mir net esouvill Spass.
Wen ass dei Viirbild? Mein Viirbild ass den Arthur Kluckers. 
Wat erhoffs du dir vum Wiessel op Dippech? Ech erhoffe mir e gudden Teamspirit an dass mir den och kennen an de Coursen asetzen, an dass ech mei e struktureierten Training kreien.
Wanns du eng Course an denger Carrière keins gewannen wat fir eng wier dat? Den Tour de l'Ain.
Wanns du net um Velo setzt wat mess du dann? Ech spille nach Percousioun oder ginn och heiansdo an de Skatepark.
Hues du e Glécksbrenger a wa jo wat fir en? Nee, ech hu keen Glécksbrenger.
Léiwer maillot Jaune oder maglia rosa? maillot Jaune
Léiwer Pasta oder Reis virun der Course? Ech hunn Nuddelen A Reis gäeren.
Léiwer Sprint Arrivée oder Bierg Arrivée? Bierg Arrivée
Léiwer Paris Roubaix oder Liège Bastogne Liège? Léiwer Paris Roubaix.
Léiwer Mathieu van der Pool oder Wout van Aert? Wout van Aert.
 
Merci Christophe, mir wënschen dir bonne chance fir 2023 a vill Fredd a Frënn bei eis am Club