UC Dippach op der Triptyque Ardennais


13 August 2018

Dese Weekend waren 3 vun eisen Débutants um Depart vum Triptyque Ardennais an der Belsch um Depart. Eng Course iwwert 2 Deeg an 4 Etappen. Den Samschdeg stoungen 2 Hallef Etappen um Programm (32 & 34km) an de Sonndeg en Zäitfueren (5km) an eng Etapp en Ligne (70km)

Um Depart waren vun der UC Dippech de Gilles Miny, Jérôme Jentgen an Joe Nicolay. Des Course si mir zesumme gefuer mat Velo Wolz déi mam Tim Karier, Pol Bissener an Philippe Leyder um Depart waren.

Eraus ze hiewen sinn eng gutt 11. Platz am Clm esou wei eng gutt 5. Platz am Sprint an der leschter Etapp vum Jérôme Jentgen an eng staark 26. Platz vum Gilles Miny am Générale.

Desweidere war dese Weekend de Max Gilles zu Sint Lambrecht um Depart wou eng gutt 12. Platz erausgesprongen ass wärend den Mil Morang sech eng gutt 18 Platz zu Zerkegem erkämpft huet.