UC DIPPACH goes Tour de L'Avenir


27 August 2018

Vum 17 bis den 26 August war "Team Lëtzebuerg" am Tour de l'Avenir ënnerwee.

Nieft dem Pit Leyder dem Jan Petelin an dem Kevin Geniets waren mam Colin Heiderscheid dem Michel Ries an dem Luc Wirtgen och 3 Dippecher mat um Start.

Wärend 10 Etappen konnten si sech mat den beschten U23 Fuerer moosen.
Nodeems den Colin een schwieregen Start an Course hat (Chute; Defekter) konnt hien ob der 5ter Etapp ob sech Opmierksam maachen wou hien am Sprint ob eng Exzellent 3te Platz koum.

Den Luc vir séin Deel konnt sech ob der 5ter an 6ter Etappe mat enger 14ter an enger 19ter Platz 2 mol ënnert den Top20 klasséieren an kennt um Schluss ob eng 44t Platz am General.

Den Michel  sollt sech an den Bierger dann an Evidenz setzen. Hien huet do ob der 9 Etappe ob Val d'isère eng Exzellent 2te Platz eraus gefuer. Am Schlussklassement sollt hien als beschten Lëtzebuerg ob der 10ter Platz landen.


Schlussklassement vun de FSCL Vertrieder:

10 Michel Ries
37 Kevin Geniets
44 Luc Wirtgen
60 Pit Leyder

Hinnen All Respekt vir hier Leeschtung !