Tom Paquet - Beschte Letzebuerger op der Flèche du Sud 2022


30 May 2022

Dass bei der 71. Editioun vun der Flèche du Sud mam Tom Paquet ze rechnen ass, huet hee schon op der éischter Etape daitlech gemaach, wou heen zaitglaich mam Gewenner iwert de waisse Strich gefuer ass.

Och op der 2. Etape konnt den Tom no schwéieren 165km mam Gewenner iwert d'ligne d'arrivée fueren (12. Plaatz). Am Klassement vun de "meilleurs jeunes" ass den Tom op dëser Etape op déi 5. Plaatz no fir gerutscht.

Op der Kineksetape vu Bourscheid op Bourscheid ass den Tom den exzellenten 11. gin, daat matt engem Retard vun 11 Sekonnen. Matt dëser Leeschtung huet den Tom sech op déi 3. Plaatz am Classement des meilleurs jeunes no fir geschafft an ass och beschte Letzebuerger bliwen.

Och op der 165 Kilometer laanger Etape vu Mondorf op Mondorf konnt de Gewenner em Tom keng Zait ofhuelen. No insgesamt 531 Kilometer huet sech deemno am Klassement naischt geännert. 

Déi lescht Etape vun Esch op Esch konnt den Arthur Kluckers fir sech entscheeden. Matt him waaren zaitglaich den den Ivan Centrone (6.), Tom Paquet (13.), Céderic Pries (23.), Jo Schmitz (23.), Tim Karier (34.), Charel Meyers (44.), Jacques Gloesener (46.), R. Perriera Marques (55.), Tim Diederich (66.) a Rik Karier (67.) ukomm.
 
No 5 Etapen ass déi 71. Editioun matt enger exzellenter 7. Plaatz fir den Tom Paquet op en Enn gaangen, an daat matt engem Retard vu just 17 Sekonnen op de belsche Gewenner Thibeau Nys. Am classement des jeunes steet den Tom (3.) zesummen mam Gewenner a mam daitschen Mika Hemig um Podium. Matt dëser Leeschtung huet heen sech als beschte Letzebuerguer virum Arthur Kluckers an Ivan Centrone duechgesaat.