Noah Massen – Souveräne Gëwenner vum 98. GP François Faber


29 March 2022

Matt engem usprochsvolle Parcours vun 9,3 Kilometer (125 Héichtemeter) huet den ACC Contern dëse weekend den Optakt vun der Stroossesaison 2022 zu Bech agelaut. 

 

Den UCD war bei de Junioren matt enger starker Equipe vu 4 Coureuren um Départ : Noah Massen (1.), Matteo Giampaolo (4.), Juan Van Lelyveld (13.) a Valerio Mascolo (15.). 

 

De Noah Massen konnt déi 74.4 Kilometer d’Course matt enger Moyenne vun 37.55 km/h fir sech entscheeden an huet domatt de Régis Gorard vum Team Liegeois op 1:12 hannert sech geloos.

 

Bei der Elite huet de Colin Heiderscheid (Leopard Pro Cycling ) matt engem Retard vun 1:46 op sain Teamkolleeg eng exzellent 5. Plaatz gemaach. Fir den UCD waren och de Max Larry (21.) an de Joey Brandenburger um Départ. 

 

Och bei den Débutants haat den UCD mam Rick Meylender (4.), Luke Gremling (7.), Finlay Donjon (8.) a Rodrigo Dos Santos Neves (10.)  4 Coureuren ennert den top 10. Gudd geschloën hu sech och den Max Moureaux (21.), de Yanic Haag (28.) an d’Sarah Mousel (30.).    

 

De Bjarne Bauer (8.), Julien Hoffmann (11.) an de Noé Garcia Pinnel (13.) hun sech an der Kategorie Minimes gudd op deem 18.6 Kilometer Parcours geschloën. 

 

Dass beim UCD fir Nowues gesuecht ass hun eis jonk Coureuren gewisen. Hei waren an de Kategorien Bambi 1-3 a Benjamin 1-3 d’Lis RauenPhilippe HeintzAnais LagardeAlex ChierichiHelio NevesRafael Tantone, Laure LegerLievih Mean, Jack Canto, a Victor Nicolas Bibire um Start.