Junioren UCD am Ausland ennerwee Sonndes 20 März

De Mil Morang zum Schluss mat 4 Fuerer vun Bora Hans Grohe un der Spetzt



22 March 2022

De Sonndeg waren mir mat 11 Junioren an d'Elsass gefuer fir hei un enger Elite Junior Course deel ze huelen. Nieft der staarker Equipe vun Dippech waren och d'Junior Equipe vun Bora um Départ. Eis Coureuren hunn sech vun Ufank un mat an d'Echappéeë gesat an hunn Course mat Bora bestëmmt. Zum Schluss huet de Mil Morang dunn sech der Iwwerzuel vun Bora misste geschloen ginn an ass no enger staarker Course op déi 5 Platz mat engem Retard vu 17" ukomm. Hannert him ass de Niels Michotte op déi gutt 6 Platz komm an de Mats Berns den och mat an der Echappée war konnt sech als staarke 7 klasséieren. Den Oli Korva (49) de Noah Massen (63) de Lenny Kleman (68) den Andru Vlad (72) de Matteo Giampaolo (73) den Jack Foley (74) sinn all am Feld ukomm den Valerio Mascolo op 1 Tour als 77 vun 110 Starter. De Juan Van Lelyveld huet leider mat Krämp op missten halen.