Gudde Start fir eis Coureuren an de Championnats-Weekend

Podium vun de Junioren



24 June 2022

Haut den Owend war den Optakt vun de Championnater zou Nouspelt mam Clm. 
Hei ass et bei den Débutants (U17) e Championstitel fir Sarah Mousel ginn an e Vize Championstitel bei de Jongen fir de Rick Meylender.
Bei de Junioren ass den Titel un de Mathieu Kockelmann gangen virun dem Mil Morang an dem Mats Berns.
Bei der Elites Pro get de Bob Jungels Champion virum Michel Ries.
 
Muer get et weider mat de Course en Ligne 
an der Kategorie Minimes sinn vun Dippech um Départ de Lorenzo Astolfi, Bjarne Bauer, Julien Hoffmann an de Noé Garcia.
Bei de Cadets sinn ët de Will Gremling an de Jan Van Bruwaene.
Bei den Débutants starten den Rodrigo Dos Santos Neves, Max Moureaux, Yanic Haag, Rick Meylender a bei de Meedercher Débutants Sarah Mousel.
Mir wënschen hinnen all Bonne Chance an mir lueden iech an si ufeieren ze kommen.

<FOTOEN>