Gudde Bilan fir den UCD bei de nationale Meeschterschaften zu Nouspelt

Colin Heiderscheid - Elite matt Contrakt



29 June 2022

E Freiden beim Zaitfueren huet d’Sarah Mousel sech matt enger Minut Avance de Landesmeeschtertitelbei den Damen an der Cat. vun den Débutants gesëchert. 

 

Bei de Jongen ass de Rick Meylender eng ganz stark Course gefuer an huet den Landesmeeschtertitel knapp em 3 Sekonnen verpasst an ass esou Vize-Meeschter gin. 

 

Bei de Junioren huet den UCD glaich 2 Coureuren op de Podium kritt, an daat mam Mil Morang (2.) a mam Matts Berns (3.).

 

De Bob Jungels konnt sech matt enger halwer Minut Avance de Landesmeeschtertitel am CLM an der Cat. Espoirs/Elite huelen. Matt him ass och de Michel Ries (3.) op de Podium gefuer.

 

No engem staarken Optakt beim CLM huet den UCD séng Qualitéiten och e Samschden an e Sonden bei der course en ligne enerstrach, an daat matt net manner wéi 5 Landesmeeschtertitelen. 

 

Bei de Minimes huet de Lorenzo Astolfi sain Talent gewisen, an huet d’Course fir sech entscheed. An der Cat. vun den Débutants huet de Rick Meylender e Samschden am Sprint gewonnen a bei den Damen konnt d’Sarah Mousel sech eng 2. Kéier duechsetzen.      

 

E Sonden ass de Mil Morang zesummen mam Mats Berns eng ganz staark Course gefuer wou de Mil sech konnt am Sprint géint de Mathieu Kockelmann duechsetzen. Zesumme matt him ass och de Mats Berns (3.) op de Podium komm.

 

Bei der Cat. Espoirs / Elite wuar mam Kevin Geniets, Alex Kirsch, Colin Heiderscheid, Tom Paquet, Michel Ries, Loïc Bettendorf, Tom a Luc Wirtgen, Ivan Centrone, Arthur Kluckers a villen aaneren eng spannend Course ze erwaarden. Op der ligne d’arrivée konnt sech de Colin Heiderscheid no 3:20:35 aus der Echapée eraus no 140 km géint dee 56 Coureur staarke Peloton duechsetzen a gewennt esou de Landesmeeschtertitel bei der Elite mat Kontrakt.

 

Felicitatiounen un all eis 25 Coureuren déi bei de nationale Meeschterschaften 2022 fir den UCD um Départ waaren (4 Minimes, 2 Cadets, 5 Débutants, 8 Juniors, 6 Espoirs/Elite).  

 

Am Numm vum UCD a vun eise Coureuren e ganz grousse MERCI un d’Laurence Moris  fir déi vill Stonnen déi hatt eise Coureuren matt Kompetenz an Engagement a schéinen a virun allem a schwéiere Momenter zur Sait steet.