Flèche du Sud 2018

Foto vun RTL



13 May 2018

Och wann UC Dippach keng Equipe bei der Editioun vun 2018 um Depart hat, sou waren mat 
Tom a Luc Wirtgen an dem Colin Heiderscheid awer 3 Coureuren um Depart, déi bei der Uc Dippach grouss ginn sinn.

No engem gudden Start vum Luc Wirtgen konnt hien sech déi 2 éischt Deeg am Maillot vum beschten Lëtzebuerger presentéieren. Am Schlussklassement kennt hien ob déi 45 Platz.

Den Tom Wirtgen kann mat enger gudder Leeschtung ob der Etapp vun Wëntger ob Wëntger iwwerzeegen. Ob der leschter Etapp ob Esch gouf hien als plus Combattant ausgezeechent an kennt am General ob déi gutt 17 Platz an ass domadder 2ten FSCL Vertrieder.

Vir den Colin Heiderscheid  huet Flèche mat enger Chute an Techneschen Problemer net optimal ugefaangen. Ob den Etappen ob Rëmeleng; Réiser an Esch konnt hien sech jeeweils als beschten Lëtzebuerger platzeiren, an kennt dobäi zu Réiser ob déi 10ten an zu Esch ob déi gutt 5te Platz. Am General kennt hien ob déi 106 Platz.

Hinnen 3 Felicitatioun vir hier Leeschtung an der Flèche du Sud.

3ecd879889d417599755649c5bcbb0fb.jpg

7b973838688c47f03bb7dbf54b213278.jpg

302de671397b17e627c0cb1cdfa37864.jpg