Débutants am GP Vermarc (B)


30 May 2022

Dëse Weekend waren eis Débutants bei dem GP Vermarc an der Belsche um Depart. Des Course fir Coureuren teschend 15 a 16 Joer ass iwwer 2 Etappe gaangen vun jeeweils 70 bzw 63 km.
Mat um Depart waren 
Luke Gremling;
Max Moureaux;
Rodrigo Dos Santos Neves;
Flavio Astolfi;
Christophe Post.
Dei éischt Etappe ass mat ganz heigem Tempo gefuer ginn a leider koum et bei der Arrivée zu engem Massestuerz wou de Luke och leider zu Fall koum. Hien huet sech heibäi den Aarm gebrach a konnt den zweeten Dag net méi untrieden. De Flavio Astolfi koum laanscht Chute a gëtt gudden 25. an der selwechter Zeit wei de Vainqueur. Dei aner Coureuren sinn distanzéiert vum Peloton ukomm.
Sonndes war dunn eng kleng Kopp um Circuit awer et konnt sech keng Echappée ofsetzen an hei konnt sech de Flavio eng gutt 21. Platz sécheren wat him am Général déi gutt 17 Platz bedeit huet an déi 5 Platz beim Klassement vun den Meilleures Jeunes. 
De Max an de Christophe hu gut gekämpft sinn awer net mam Pak bis an Arrivée komm. De Rodrigo ass Krankheetshalber Sonndes net um Depart gewiergt.