De Rick Meylender am Interview mam Serge Haag
28 March 2022
Serge :
Rick, fir d’éischt emol villmools merci dass du där Zait geholl hues fir eis e bessen iwert dech ze erzielen. Et kann ee soën dass du déi lescht Cyclocross Saison komplett dominéiert hues, mee mam Velosport hues du scho vill méi fréih ugefaang.
Rick :
Jo daat ass richteg. Ech si matt 7 Joer meng éischt Vëloscourse zu Monnerech gefuer. Daat war 2013.
Serge :
Du bass ee vun enger Reih aaneren Coureuren déi dest Joër en Transfert bei den UCD gemaach hun. Kanns du eis soën wisou dass du den UCD gewielt hues?
Rick :
Ech hun de Club gewiesselt, well ech eppes Neies wollt an virun allem an een Club wollt kommen wou ech optimal encadréiert ginn.
Serge :
Waat ass deng grouss Leidenschaft Stross, Cross oder MTB?
Rick :
Ech fueren am léifsten MTB, mee um Enn vun der Saison freeën ech mech awer och ëmmer op den Cross. Strooss gefällt mär net sou.
Serge :
Wivill Coursen bass du daat lescht Joër gefuer (MTB, Cyclocross, Stroos, CLM..) ?
Rick :
Insgesamt sin ech déi lescht Saison 29 Coursen gefuer, dovuner 13 am MTB an 16 Cyclo-Cross. Eng Reih vun dëse Coursen sin ech am Ausland gefuer.
Serge :
Wéi gings du déng Saison 2021 an 3 Stechwieder zesummefaassen?
Rick :
Daat ass eng schwéier Fro, well et get esou vill ze soën iwer d’lescht Saison. Ech ging soën dass : Spaß, erausfuerdernd an erfolegsraich daat lescht Joër am beschte beschreiwen.
Serge :
Wei geseit en Trainingsdaag bei dir aus?
Rick :
An der Woch stinn ech um 6:30 Auer op, hun dann vun 8:00 bis 12:00 Auer Schoul. No der Schoul hun ech dann 2-3 Stonnen Training. Dobai kommen da nach d’Hausaufgaben. De weekend ass et ganz ofhängeg vun de Coursen.
Serge :
Waat ass dai Lieblingsiessen an der Off Season?
Rick :
Eindeuteg sin daat Penne quatre fromages.
Serge :
Waat mechs du am léifsten an dénger Fraizait?
Rick :
Playstation spillen
Serge :
Ween ass dai Viirbild?
Rick :
De Mathieu Van der Poel.
Serge :
Hues du där schon Ziiler gesaat fir déi nächst Saison ?
Rick :
Jo, ouni Ziiler geet et net. Ech wier frou eng gudd Platzéierung op der EM am MTB ze erziilen.
Serge :
Wei eng Course wéils du am léifsten eng Kéier an dengem Lierwe gewannen?
Rick :
Am MTB d'Weltmëschterschaft oder d‘Olympesch Spiller.
Serge :
Rick, villmools merci fir daat flott Gespréich. Ech wönschen där vill Erfolleg fir d’Saison 2022.
Rick :
Merci och.