Critérium des Jeunes Team UCDippach

vlnr Alexandre Kess; Giacomo Pino; Max Gilles; Mika Lamesch; Joe Nicolay.



03 September 2018

Wei all Joer ware mir och dëst Joer mat enger eegener Equipe um Depart. Well zwee vun eise Fuerer de Gilles Miny an de Jérôme Jentgen de Sprong an d' Nationalequipe gepackt haten huet si folgend Fuerer fir den UC Dippech un den Depart vun deenen 3 Etappe gaangen.

Max Gilles (UC Dippach) Mika Lamesch (UC Dippach) Joe Nicolay (UC Dippach) Alexandre Kess (LC Kayl) Giacomo Pino (SaF Zéisséng)

Des Course ass fir Débutants an gëtt an Equipe gefuer, wei all Joer war d'Course ganz international besat. Organiséiert gëtt des Course vum Tour de Luxembourg.

De Freideg stoungen 76,5km um Programm zou Alzengen, hei konnt sech de Gilles Miny mat enger gudder Platz am Sprint vum Peloton an Evidenze setzen. Dei aner Coureuren haten leider Päsch an sinn duerch Chutten oder technesch Problemer net mam Peloton ukomm.

De Samschdeg war dunn d'Kinneksetappe um Programm wobei et net manner wei 10x de schwéiere Bierg vun Hueschtert ze bewältege gouf. Hei konnt sech och de Gilles Miny am Beschte placéieren mat enger gudder 34 Platz op sech opmierksam maachen.

De Sonndeg war dunn d'Etapp zou Mamer wou 72km um Programm waren hei koumen all eis Fuerer mam Peloton an Arrivée och wann keng Topplacéierung eraus komm ass.

Nächste Rdv ass nächste Sonndeg zou Bercy le Sec eng international Debutant a Cadet Course mat engem Zäitfueren an enger Course en Ligne.