Colin Heiderscheid gudden 11ten op der 1ter Etape vum Tour de l'Avenir


15 August 2019

No senger 22ter Platz op der EM leschten Samsdeg an Holland zu Alkmaar ass eng weider gudd Prestatioun vum Colin Heiderscheid.

No 128,8 km ass et zu engem Sprint komm vun engem Groupe vu ronn 30 Mann. Durch eng Chute 4 km virun der Arrivée war de Peleton an e puer Grouppen gesprengt gin. De Colin Heiderscheid konnt di 1ten Etape mat enger gudder 11ter Platz ofschléissen.

Gewonne gouf d'Course vum Norsgaard Jorgensen Mathias (DEN) virum Ethan Hayter (GB) an Thomas Pidcock (GB).

Hei dat ganzt Resultat :  https://www.procyclingstats.com/race/tour-de-l-avenir/2019/stage-1