Colin Heiderscheid am Interview mam Laurence Moris

Foto virun 3 Wochen zu Tréier vun Holger's Radsport gemaach Foto vun Foto von : Holger's Radsport



19 June 2022

 

Laurence: 

Colin, fir d’éischt wollt ech där merci soën dass du där Zait geholl hues fir eis e bessen iwert dech ze erzielen. Wini hues du mam Velosport ugefaang?

 

Colin:

Ech si matt 6 Joër méng éischt Course gefuer. Daat wuar 2004 zu Kielen, déi Zait huet daat nach Yuppi’s Trophy geheescht. 

 

Laurence: 

Erziel eis e bessen iwert déng Carrière am Velosport. Waat waren déng Héischten an Déiften?

 

Colin: 

Ech denken dass ech bis haut nach all Saison méng Héischten an Déiften haat. Et goufen emer Phasen wou d’Performance schlecht wuar, mee daat waren och emer déi Momenter wou ech am meeschten geléiert hun. Natiirlech ass d’Gefill vum Gewannen méi angeneem.

 

Laurence:

Kanns du eis soën wivill Trainingskilometer bzw. Deeg Course dass du 2021 gefuer bass? 

 

Colin:

Iwert déi ganz Saison waren daat +/- 920 Stonnen bzw. 28.000 Kilometer. Leider haat ech déi lescht Saison just 27 Course Deeg.

 

Laurence:

Déng Saison 2021 an 3 Stechwieder zesummegefaast?

 

Colin:

COVID – erausfuedernd – intensiv.

 

Laurence: 

Haas du och Reckschléi erlieft?

 

Colin:

Jo, ech haat meng COVID Infektioun zu engem ongenschtegen Zaitpunkt, waat sech net grad positif op méng Course Deeg an och net op méng Performance ausgewierkt huet. 

 

Laurence:

Wéi gesait en Trainingsdaag bei där aus?

 

Colin:

Moiës virum Training e besse Stabi a Mobilitéit a spéitestens um 10 Auer geet et op de Velo. Vum Trainingsvolumen hir ass daat emer ënnerschiddlech, meeschtens fueren ech tëschent 3-5 Stonnen, och emol manner oder e besse méi, deemno wéi intensif den Training deen Daag ass. Nomëttes an Owends maachen ech da nach Stretching.

 

Laurence:

Waat ass dain Lieblingsiessen an der Off Season?

 

Colin : 

Am Fong alles matt duebel oder dräifachem Kéis. Zum Beispill Mac & Cheese.

Laurence:

Waat mechs du am léifsten an dénger Fraizait?

 

Colin:

Do kent et schon emol fir dass ech 5-6 Stonnen an eisem Rennsimulator setzen an Simracing bedreiwen.

 

Laurence:

Ween ass dain Virbild?

 

Colin:

Daat waar schon emer de Peter Sagan.

 

Laurence:

Waat sin déng Ziiler fir déi nächst Saison?

 

Colin:

Am léifsten de Sprong an eng Pro Conti Equipe oder World Tour Equipe maachen. Wann daat net klappt, dann emol nees eng Kéier eng méi grouss Course op Conti Niveau gewannen.

 

Laurence:

Waat kanns du engem jonke Coureur als Rotschlo matt op de Wee gin?

 

Colin:

Den Training soll Spaas maachen, mee op d’Course geet ee fir ze gewannen.

 

Laurence:

Wéi eng Course wéilst du am léifsten an dénger Carrière eng Kéier gewannen?

 

Colin:

Paris-Roubaix.

 

Laurence: 

Colin, ech soën där villmools merci fir daat flott Gespréich a wönschen där vill Succès fir déi nächst Saison.

 

Colin:

Merci och.