BERCYCLE Course Débutants a Cadets


10 September 2018

BERCYCLE 2018

Eng Rei vun den Debutants a Cadets vun der UC Dippech hunn de Sonndeg zou Berzy-le-Sec a Frankreich un der Course Bercycle deelgeholl.

Des Course dei international gutt besaat war, besteet aus jeeweils engem Zäitfueren (6km) an enger Etapp en Ligne (54km; resp. 34km)

Bei den Debutant huet de Jérôme Jentgen d'Zäitfueren konnten fir sech entscheeden (8'49'') de Max Gilles gouf gudden 22ten an de Mika Lamesch 26ten ënnert 72 Konkurrenten. Mëttes hunn Debutant'en duerch gutt Equippenaarbecht konnten verhënneren dass sech Konkurrenten ofgesat hun, an esou ass et dem Jérôme gelongen mat enger 8. Platz am Sprint seng 1. Platz ze verdeedegen.

Am Schlussklassement kennt de Jérôme op déi éischte Platz de Max op déi 21. an de Mika op déi 31ten Platz.

Bei de Cadets huet de Matteo Giampaolo seng gutt Form ënnerstrach an beim Zäitfueren eng  7. Platz ënnert 40 Fuerer konnten eraus fueren wärend de Steven Jung op déi gutt 14. Platz kennt. Op der Etapp en Ligne ass du séier de Peloton an kleng Gruppen zerfall wou de Matteo ëmmer am éischte Grupp ze fanne war. Zum Schluss haten sech 2 Fuerer nach konnten ofsetzen de Matteo kennt an engem éischte klengen Grupp un als excellente 6. De Steven hat sech gutt duerch Course gekämpft hat awer den Uschloss un e Grupp verluer an huet duerch en techneschen Defekt missten iwwert Zillinn lafen an soumat nach e Puer Platze verluer.

Am Schlussklassement kennt de Matteo op déi 7. Platz an de Steven op eng gutt 18. Platz