6. Editioun vum GP Bob Jungels : e groussen Erfoleg


10 May 2022

Op der 6. Editioun vum GP Bob Jungels konnt sech dëse weekend de Mil Morang géint eng staark international Konkurrenz behaapten an huet et als éischte Letzebuerger op de Podium gepackt.

 
No 130 schwéiere Kilometer ass de Mil mam Thom van der Werff (NL), Thom van Herwaarden (NL), Karst Hyma (NL) an Joris Krannenburg an de Sprint gaangen a konnt sech eng exzellent 3. Plaatz um Podium secheren. Weider Informatiounen iwert d'Course an en Interview mam Mil Morang no der Course fannt där hei
 
Bei der Course Elite/Espoirs/Master huet sech de Ken Conter an 2:17:34 virum Loïc Bettendorf a Pol Bleser duechgesaat. Den Tom Paquet ass 6. am General gin an ass domatt 3. bei den Espoirs.
 
Mam Luke Gremling konnt den UCD sech bei den Débutants an 1:13:15 virum Jonah Flammang-Lies an Nicolas Wirtz duechsetzen. 
 
Och de Youth Cup war den UCD mam Lis Rauen (Bambi 1), Philippe Heintz (Bambi 2), Anais Lagarde (Bambi 2), Alex Chierici (Bambi 3), Hélio Dos Santos Neves (Bambi 3), Rafael Tantone (Benjamin 1) a mam Liévin Mean (Benjamin 2) um Start. 

International Presse :

Bericht Tageblatt
https://www.procyclingstats.com/race/grand-prix-bob-jungels/2022/result 
https://www.directvelo.com/epreuve/34521/gp-bob-jungels-junior-2022 
https://ag2rcitroenu19team.com/2022/05/05/grand-prix-bob-jungels-2/ 
https://firstcycling.com/race.php?r=4000&y=2022 
https://firstcycling.com/race.php?r=4000&y=2022&k=8#race