Wëllkomm Anouk Schmitz


26 January 2024

Haut stellen ech iech Anouk Schmitz viir, hat ass eischt Joer Espoirs hat ass bis elo am CTA gefuer an huet am Hierscht de Wiessel op Dippech gemach. Hei e puer Froen an Äntwerten fir hat besser kennen ze leieren.
 
Wei bass du zum Velsport komm?
Ech hu 7 Joer lang geturnt an dunn war ech meng Bridder op 24 STonne Wentger ufeieren an hu selwer feier gefangen an du wollt ech selwer och mam Vëlo ufänken.
 
Wat gefällt dir besonneg um Vëlosport a Verglach zu aner Sportarten?
Et kann een et zesummen matt den Léit machen wou een well, och mat Léit dei de Sport net als Competitioun machen, an et ass en praktesch emmer an der frescher Loft an an der Natur.
 
Wou bass du an der Schoul?
Ech sinn am Sportslycée ob enger 2ième D
 
Wat sinn deng Zieler um Velo fir Saison 2024?
Een gut Championnat am Cyclocross a vläit eng Manche vum Wordcup kennen ze fueren, am Summer hoffen ech op Coursen am Ausland mat der Nationalequipe an iwert de Wee Selektioun fir den Tour de l'Avenir ze paken.
 
Wat mess du Leiwsten, Cross, Stross oder Vtt?
Am meeschte Spass mecht mir Vtt awer Stross a Cross sinn direkt hannendrun a sinn och dei Diziplinen dei ech am meschte fueren.
 
Wat erhoffs du dir vun dengem Wiessel bei den UC Dippach?
Ech brauch einfach e komplette Wiessel, well ech mech nach well weider entweckelen, an dofir hoffen ech op nei an zousätzlech Motivatioun, Ennerstëtzung an eng gut Ambience.
 
Wen sinn deng Virbiller am Velosport?
Meng Virbiller sinn d'Demi Vollering, d'Puck Pieterse an Nina Berton.
 
Wanns du Velosprofi geifs ginn an du keins frei wielen, wei eng Equipe geifs du da wielen?
Ech geiff wahrscheinlech CANYON SRAM RACING wielen (dei hunn och cool Veloen a Kleeder ;-)
 
Wanns du eng eenzeg Course keins gewannen, wei eng wier dat?
D'Olympiade.
 
Wanns du net um Velo setzt wat mess du dann am Leiwsten?
Kachen/Baacken oder epes matt Kollegen enerhuelen.
 
Hues du e Glecksbrenger?
Nee.
 
Léiwer Maillot Jaune oder maglia rosa?
Maglia rosa.
 
Sprinter Etape oder Bierg Etape?
Sprinter Etape.
 
Léiwer Pavé oder Bordure?
Pavé.
 
Léiwer Pasta oder Reis virun enger Course?
Reis.
 
Waat ass dei Lieblingsiessen an der Off Season?
Sushi, Burger a Raclette.
 
Léiwer Espresso oder Cappucciono?
Weder nach.
 
Léiwer Wout Van Aert oder Mathieu van der Poel?
Wout van Aert.
 
Nenn eis e puer Titelen vun denger Warmup Playlist.
La kiffance, Pump it up, Explode...
 
Traineiers du leiwer am Groupe oder alleng?
Leiwer am Groupe.
 
Leiwer Sram, Campagnolo oder Shimano?
do muss en de Lenn froen :-)
 
Deng Lieblings Velosmark?
Specialized
 
Wat war bis elo dei scheinsten Erlierwnis um Velo?
Europameeschterschaft am XCO 2022 zu Anadia.
 
Merci Anouk fir den Interview mir wënschen dir vill Erfolleg bei dem neie Veräin an vill flott Stonnen um Vëlo.
D'Anouk huet och schons dei  Medaille fir Dippech op de Landesmeschterschaften am Cyclocross gewonnen wou hat op dei gut  Platz komm ass.