Wëllkomm Gwen Nothum

Gwen Nothum beim Cyclocross zu Bieles



19 December 2023

Haut ass et dann um Tour vum Gwen Nothum fir sech kuerz virzestellen, hat huet 17 Joer an hat ass zesumme mat senger Schwëster am Hierscht bei eis komm,

 Wie bass du zum Vëlossport komm?

 Ech si schonn ëmmer gäre Vëlo gefuer hunn awer och nach laang aner Sportaarte gemaach, virun allem Triathlon déi lescht Joren, bis dass ech gemierkt hunn, dass ech déi meeschte Freed awer um Vëlo hunn.

 Wat gefält dir besonnesch um Vëlossport am Verglach zu aner Sportaarten?

 D‘Vitesse mat där een ënnerwee ass.

 Wou bass du an der Schoul?

  Sportlycée 

 Wat sinn deng Zieler fir Saison 2024?

 Mech vir d‘EM an d‘WM am September qualifizéieren an do gutt fueren 

 Wat mëss du am Léifsten Strooss Cross oder VTT?

  Strooss 

 Wat erhoffs du dir vum Wiessel bei d’UC Dippech?

 . Ënnerstëtzung ob mengem Wee am Vëlo 

 Ween sinn deng Virbiller am Vëlossport?

 Ech si Fan vun der Aart a Weis wei den Alaphillipe Course fiert awer och vun de Lëtzebuerger Profien 

 Wann s du Veloprofi géifs ginn an du keins frei wielen, wien eng Equipe géifs du wielen?

 . Dat muss ech kucke wann et eng Kéier sou wäit kennt 

 Wann s du 1 eenzeg Course keins gewanne wien eng wier dat?

 Entweder d’Olympiad am Zäitfueren oder ob der Strooss, oder d‘Weltmeeschterschaft, oder den Tour de France 

 Wann s du net um Vëlo setz wat mëss du dann am Léifsten?

 Iessen:) 

 Hues du e Glécksbrénger a wa jo wie en ass dat?

 Nee ech hu kee Glécksbrénger. D‘Gléck ass an de Been:)

 Léiwer Maillot Jaune oder maglia rosa?

 Gewanne géif ech léiwer de Maillot jaune, mee de maglia rosa fannen ech awer méi schéin.

 Léiwer Biergetapp oder Sprinteretappe?

 Biergetapp 

 Léiwer Pavé oder Bordure?

 Pavé 

 Léiwer Pasta oder Reis virun der Course?

 Reis 

 Wat ass die Liblingsiessen an der Off Season?

 Kéisfondue 

 Léiwer Espresso oder Cappuccino?

 Espresso 

 Léiwer Wout Van Aert oder Mathieu van der Poel?

 Mathieu Van der Poel 

 Nenn eis wegl e puer Titeln vun denger Warmup Playlist?

 Ech lauschtere keng Musek beim warmup

 Trainéiers du léiwer am Groupe oder eleng?

 Meeschtens am Groupe

 Leiwer Sram, Campagnolo oder Shimano ?

 Dat wat ee kritt, et muss ee mat allem eens ginn

 Deng lieblings Velosmark?

 Bianchi 

 

Wat war bis elo dein scheinst Erliefnis um Velo?

Wou ech e puer Kilometer virun der Arrivée vun der EYOF 2022 eleng rausgefuer sinn (och wann ech dono rëm agefaange gi sinn).An déi 3 Etappe vun der TMP Tour 2022 wou ech 2 gi sinn nodeems ech mat engem anere rausgefuer sinn

 

Merci Gwen fir den Interview a bonne chance fir Saison 2024