Wëllkommen June Nothum

June Nothum



01 December 2023

 

Haut stelle mir iech d‘June Nothum viir dat Jengst vun denen 3 Transferen vun dësem Hierscht. June huet 14 Joër an ass aus dem Atterdaul bei eis komm.

 

Wéi bass du zum Velosport komm?

Ech sinn mat 4 Joër dei éischte Kéier Vëlo gefuer an dat huet mir dunn vill Spaß gemaach sou, dass ech dann weider gemaach hunn.

Wat gefällt dir besonneg um Velosport am Verglach zu aner Sportarten?

Mir gefält et, dass ech vill dobaussen sinn, ech vill kann erliewen, an, dass ech verschidden Disziplinnen kann maachen.

Wou bass du an der Schoul?

 Ech sinn am Sportlycée.

Wat sinn deng Zieler fir Saison 2024?

Gudd Resultater zu Lëtzebuerg an am Ausland ze maachen an mech emmer méi ze verbesseren.

Wat mess du am Leiwsten Stross, Cross oder VTT?

Ech maachen alles mega gär, mee ech mengen dass ech bessen leiwer Stross fueren.

Waat erhoffs du dir vum Wiessel bei d’UC Dippech?

 

Ennerstezung beim Velo, méi Stagen an puer Coursen am Ausland.

 

Ween sinn deng Virbiller am Velosport?

Bob Jungels, Marie Schreiber, Lotte Kopecky, Tadej Pogačar.

Wanns du Veloprofi géifs ginn an du keins frai wielen, wie eng Equipe geifs du wielen?

Ech wees daat nach net wieklech, me villäicht Ceratizit WNT oder Sd works.

Wanns du 1 eenzeg Course keins gewannen wie eng wier dat?

Weltmeeschterschaft.

Wanns du net um Velo setz waat mess du dann am Léiwsten?

Ech ginn gäeren an den Bësch, fueren gäer Einrad an ech Tauchen gär.

Hues du e Glécksbrénger a wa jo, wéi een ass daat?

Nee, ech hunn kee Glecksbrénger.

Léiwer Maillot Jaune oder maglia rosa?

 

Ech hätt léiwer den Maillot Jaune mee den Maillot Rose ass mei schéin.

 

Léiwer Biergetape oder Sprintetape?

Léiwer Biergetape.

Waat war bis elo deng Lieblingscourse?

Coupe de France 2022, Trophée de l‘Ainse an d‘course zu Ettelbreck.

Léiwer Pasta oder Reis virun der Course?

Leiwer Pasta.

Wat ass die Lieblingsiessen an der Off Season?

Kéis Fondue, Glace, Mango, Raclette.

Léiwer Wout Van Aert oder Mathieu van der Poel?

Leiwer Mathieu van der Poel.

Nenn eis wegl e puer Titeln vun denger Warmup Playlist?

Ech lauschteren ganz selten Musek beim Warmup me wann dann: Can‘t hold us, Fireball, Beliver

Traineiers du léiwer am Groupe oder alleng?

Ech traineieren meeschtens leiwer am Grupp

Traineiers du léiwer an engem mixed Groupe oder léiwer reng matt Meedecher?

Et hängt dovun of.

Léiwer Sram, Campagnolo oder Shimano ?

Shimano, mee ech gin mat allem eenz.

Déng lieblings Velosmark?

Bianchi

Waat war bis elo dein schéinst Erlierwnis um Velo?

Meng Équipenzeitfueren, main Zeitfueren zu Assen an wou ech op der Trophée de l‘Ainse gewonn hunn.