Wëllkomm am UC Dippach Lenn Schmitz

Lenn Schmitz



24 November 2022

 
De Lenn ass Joergang 2007, fiirt elo a sengem 2. Joer an der Kategorie U17 an ass seit jonke Joeren ganz motiveiert am Velosport dobai. Hien ass bis elo am CT Atertdaul gefuer genau wei sei Papp, sei Brudder a seng Schwester.

Wei bass du zum Velosport komm? Ech sinn duerch mai Pap zum Velosport komm.

Wat sinn deng Zieler 2023? Meng Zieler 2023 sinn op der Stross gutt Résultater am Ausland ze maachen.

Wat mess du am Leiwsten Cross, Vtt oder Stross? Am Leifsten fueren ech Stroos.

Wen as dei Virbild? Main Virbild ass den Pogacar. 

Wat erhoffs du dir vum Wiessel op Dippech? Mei Coursen am Ausland kennen ze fueren.

Wanns du eng Course an dengem Lierwen keins wannen wei eng wär dat ? Clásica San Sebastián weilt ech wannen.

Wat mess du am Leiwsten wanns du net um Velo setz? Chillen an Tele kucken. 

Hues du e Glecksbrenger fir Coursen wa jo wat oder wen as et? Nee hunn ke Glecksbrenger.

Leiwer maillot jaune oder maglia rosa? Maillot jaune. 

Leiwer Pasta oder Reis virun enger CourseReis mat Poulet.

 

Leiwer Sprint oder Bierg ArrivéeBierg Arrivée.

 

Leiwer Paris Roubaix oder Liège Bastogne LiègeLiège Bastogne Liège.

Leiwer Wout Van Aert oder Mathieu Van der Poel? Mathieu Van der Poel natiirlech (haalen zu denen Gudden).

Merci Lenn fir deng Äntwerten, bonne Chance fir 2023 a vill Fred am neie Club.