Heiderscheid 11. a Polen op der 3ter Etapp.


18 July 2020

No 4 Méint Paus ass et dann och vir de Colin erëm di 1te Course mat senger Equipe Leopard a Polen. Sie huelen Deel um 63ten Dookola Mazowsza (2.2.) an der Géigend vun Warschau. Vir Lepard sin am Asatz:
91 REKITA Szymon POL
92 HALLER Patrick GER
93 HEIDEMANN Miguel GER
94 HEIDERSCHEID Colin LUX
95 LEYDER Misch LUX
96 MAAS Jan NED

Di 1t Etapp en Mëttwoch ass ofgebrach gi duerch en Motorradsaccident wärend der Etapp dat awer näischt mat der Course ze dinn hat.

Di 2. Etapp war e kuerzt Zäitfueren wou de Colin eng 18ten Platz konnt erausfueren ënnert 140 Konkurrenten, 6 sec. hannert dem Gewënner Felix Gross (Nationalteam Deutschland).

Op der 3ter Etapp hunn sech 3 Leit duerchgesat mat 33 sec Virsprong op den Peloton wou de Colin eng 11te Platz mécht.

Di lescht Etapp gëtt dann haut gefuer iwwer 165 km.

D'Klassementer fannt Dir hei hannendrun.

etape 2.pdf

etape 3.pdf