Course Basse Meuse fir Débutants


30 April 2018

Dëse Samsdeg a Sonndeg wat d'UC Dippech mat hiren Débutants an Belge op Course Basse Meuse. Dëst ass eng Course vun 2 Deeg mat engem Prologue an 2 Etappen.
Mat dobäi waren Max Gilles, Mika Lamesch, Gilles Miny, Joe Nicolay a Jérôme Jentgen encadreiert goufen si vum Laurence Moris a Marc Lamesch.
Am Prologue gouf et gläich e ganz gutt Resultat mam Jérôme den 5 ginn ass a just em 2 Sekonnen de Podium verpasst huet, awer och de Gilles huet mat enger 27. e ganz gutt Resultat gemaach.

Mëttes stoungen dunn 53 km en ligne um Programm hei ass ganz schëtzeg gefuer ginn wann e bedenkt dass déi éischt Stonn 43km gefuer gi sinn an Course alles anescht wei flaach war.
An der Final hat de Jérôme probéiert unzegräifen hien ass awer 100m virun der Ligne agefaange ginn an ass am Général op dei 14 Platz gerutscht. Och am Peloton dobäi waren de Gilles Miny an de Max Gilles.

De Sonndeg de Metteg stoungen dun 63 km um Programm dovun 54km iwwer Land an nach 3x e Schlusscircuit. Des Course gouf leider gesprengt duerch eng Chute am Peloton wou duerch vill Materialschued vill Coureuren net méi den Uschloss un d'Feld fonnt hunn. Och war de Peloton a vill kleng Gruppen zerfall no der Chute de Jérôme koum mat engem 2. Grupp op Arrivée Ronn eng 30 Sekonnen hannert der Spëtz de Max mat engem 3. Grupp an de Joe huet sech eleng iwwert de Schlusscircuit an Arrivée gekämpft.

Als Nächst stinn fir Débutants verschidde Course mat der Federatioun um Programm wei och e Stage iwwert Päischten am Schwarzwald.